DE WEEKEND VUM 23.10 – 24.10.

DE WEEKEND VUM 23.10 – 24.10. post thumbnail image

| Samschdeg, 23. Oktober 2021

Um Samschdeg starten eis U16-Meedercher mat hirem Match géint Bouzonville. Ugepaff gëtt um 16:00 Auer am Gymnase Norbert Noël zu Bouzonville.

Eis éischt Dammen trieden owes um 18:00 Auer doheem géint den HC Standard un. Fir si ass et de sechste Spilldag vun der AXA League.

Um 20:15 Auer ass et iwwerdeems fir eis Hären de siwente Spilldag vun der AXA League. Si trieden zu Dikrech géint de CHEV un.


| Sonndeg, 24. Oktober 2021

De Sonndegmuere steet ganz am Zeeche vun der Jugend. Um Schnupperdag kënnen ab 10:00 Auer Jonker den Handballsport entdecken. Eis Jugendtrainer a Spiller vun den Hären an den éischten Damme sinn op der Plaz, fir d’Event z’encadréieren. All Participant kritt zum Schluss och e klenge Kaddo.

Um 14:15 Auer spillt eis U13 mixte doheem géint den HBC Schëffleng.

Fir eis zweet Dammen steet um 16:00 Auer am Centre Sportif René Hartmann d’Partie géint den HB Mersch 75 um Programm.

Och um 16:00 Auer spillen dann nach eis U17-Meedercher auswäerts géint d’Red Boys Déifferdeng.

23.10.21

Bouzonville HB – U16F
Gymnase Norbert Noël, 16:00

1. Dammen – HC Standard
Centre Sportif René Hartmann, 18:00

CHEV Dikrech – 1. Hären
Hall Omnisports Dikrech, 20:15

24.10.21

U13Mix – HBC Schëffleng
Centre Sportif René Hartmann, 13:00

2. Dammen – HB Miersch 75
Centre Sportif René Hartmann, 16:00


Red Boys Déifferdeng – U17F
Jongeschoul Nidderkuer, 16:00