DE WEEKEND VUM 13.11 – 14.11.

DE WEEKEND VUM 13.11 – 14.11. post thumbnail image

| Samschdeg, 13. November 2021

Um Samschdeg starten eis U16-Meedercher mat hirem Match géint d’US Argonne Meuse. Ugepaff gëtt um 18:00 Auer doheem am Centre Sportif René Hartmann.

Eis éischt Dammen trieden zäitgläich zu Käerjeng un. Fir si ass et de siwente Spilldag vun der AXA League.

Um 20:15 Auer ass et iwwerdeems fir eis Hären den aachte Spilldag vun der AXA League. Si trieden doheem géint den HBC Schëffleng un.

Fir d’U17-Jongen ass et e spillfräie Weekend.


| Sonndeg, 14. November 2021

Sonndes um 14:15 Auer spillt eis U13 mixte zu Gréiwemaacher géint den HB Museldall.

Um 16:00 Auer sinn direkt dräi Partien. Doheem treffen eis U14-Meedercher op d’Red Boys Déifferdeng. Zu Bouneweg trieden eis U17-Meedercher géint den HC Standard un. An eis zweet Damme spillen auswäerts géint den HB Käerjeng.

Och um 16:00 Auer spillen dann nach eis U17-Meedercher auswäerts géint d’Red Boys Déifferdeng.

Déi lescht Partie vum Weekend fënnt am Centre Sportif René Hartmann statt, hei empfänken eis U21-Jongen den HB Museldall.

13.11.21

U16F – US Argonne Meuse
Centre Sportif René Hartmann, 18:00

HB Käerjeng – 1. Dammen
Centre Sportif “Käerjenger Dribbel”, 18:00

1. Hären – HBC Schëffleng
Centre Sportif René Hartmann, 20:15

14.11.21

HB Museldall – U13Mix
Hall Sportif “Op Flohr”, 14:15

U14F – Red Boys Déifferdeng
Centre Sportif René Hartmann, 16:00


HC Standard – U17F
Hall Omnisports Bouneweg, 16:00


HB Käerjeng – 2. Dammen
Centre S
portif “Käerjenger Dribbel”, 16:00

U21M – HB Museldall
Centre Sportif René Hartmann, 18:00