DE WEEKEND VUM 20.11 – 21.11.

DE WEEKEND VUM 20.11 – 21.11. post thumbnail image

| Samschdeg, 20. November 2021

Um Samschdeg start eis U13 mixte auswäerts géint den Handball Käerjeng. Ugepaff gëtt um 15:00 Auer.

Um 16:00 Auer trieden eis U17-Jongen auswäerts géint de CHEV Dikrech un.

Um 18:30 Auer ass et fir eis éischt Dammen am drëtten Tuer vum EHF European Cup de Réckmatch géint den ZRK Naisa Niš. Dës Partie fënnt a Serbien statt, gëtt awer op YouTube live iwwerdroen. Déi éischt Partie haten d’Diddelengerinnen um Freidegowend bestridden an 25-22 verluer.

Fir eis Hären ass et den néngte Spilldag vun der AXA League. Si trieden um 20:15 Auer zu Bouneweg géint den HC Standard un.


| Sonndeg, 21. November 2021

Sonndes spillen nach eis U16-Meedercher. Hir Partie géint d’Ekipp vum Pays Haut Handball gëtt um 14:00 Auer zu Lexy ugepaff.

20.11.21

HB Käerjeng – U13Mix
Centre Sportif “Käerjenger Dribbel”, 15:00

CHEV Dikrech – U17M
Hall Omnisports Dikrech, 16:00

1. Dammen – ZRK Naisa Niš
Sporthal “Cair” Niš (Serbien), 18:30

HC Standard – 1. Hären
Hall Omnisports Bouneweg, 20:15

21.11.21

Pays Haut HB – U17F
Gymnase Municipal Lexy, 14:00