DE WEEKEND VUM 04.11 – 05.11.

DE WEEKEND VUM 04.11 – 05.11. post thumbnail image

| Samschdeg, 4. November 2021

Um Samschdeg starten eis U14-Meedercher doheem géint den Handball Péiteng. Ugepaff gëtt um 14:00 Auer.

Um 14:30 Auer trieden eis U16-Meedercher auswäerts géint d’Ekipp vu Metz un.

Um 15:45 Auer spillen eis U17-Meedercher auswäerts géint den Handball Käerjeng. Zäitgläich gëtt zu Diddeleng d’Partie tëscht eisen U17-Jongen an dem Handball Esch ugepaff.

Weder eis éischt Dammen nach eis Häre spillen dëse Weekend.


| Sonndeg, 5. November 2021

Sonndes spillt eis U13 mixte géint den Handball Esch. Dës Partie gëtt um 14:15 Auer zu Diddeleng ugepaff.

Um 16:00 Auer spillen eis zweet Dammen doheem géint den HC Atert Réiden.

Eis U21-Jongen trieden dann um 18:00 Auer zu Diddeleng géint de CHEV Dikrech un.

04.12.21

U14F – HB Péiteng
Centre Sportif René Hartmann, 14:00

Metz HB – U16F
Gymnase du Technopôle, 14:30

HB Käerjeng – U17F
Centre Sportif “Käerjenger Dribbel”, 15:45

U17M – HB Esch
Centre Sportif René Hartmann, 15:45

05.12.21

U13Mixte – HB Esch
Centre Sportif René Hartmann, 14:15

2. Dammen – HC Atert Réiden
Centre Sportif René Hartmann, 15:45

U21M – CHEV Dikrech
Centre Sportif René Hartmann, 18:00