HBD à la une SUPERCUP 2022

SUPERCUP 2022

SUPERCUP 2022 post thumbnail image

Am Lodyss-Supercup gouf et eng spannend Partie tëschent de Léiwinne vu Käerjeng an eisen Dammen. No engem 2-0 Virsprong ass dem Erny Hoffmann seng Ekipp mat 2-6 an 4-9 an Réckstand geroden.

Si kruten sech awer erëm gefaangen, sou datt et mam Resultat vun 11-11 an d’Paus goung. Nom Dréi konnt keng Ekipp sech ofsetzen, en 7-Meterschéissen huet d’Entscheedung misse bréngen.
Hei haten eis Dammen déi besser Nerven, hunn all Ball erageschoss, wärend d’Pauline Leythienne ee géigneresche Schoss entschäerfe konnt.

Den éischten Titel ass zu Diddeleng! Staark Leeschtung, Ladies!
 

Leave a Reply

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *