HBD HANDBALL-CAMP 2.11. – 5.11.2022

HBD HANDBALL-CAMP 2.11. – 5.11.2022 post thumbnail image

Et ass geschwënn esou wäit : och dëst Joer organiséiert den HBD erëm den Handball-Camp an der Allerhelljenvakanz.

Mat engem neie Konzept a vill méi gënschtegen Tariffer kënne déi Jonk vun de Joergäng 2008-2016 vun 9:30 bis 16:00 Auer un flotten Atelieren an Aktivitéiten deelhuelen. Et gëtt zweemol den Dag trainéiert. Am Präis mat dran si Mëttegiessen, Gedrénks & en Trikot.

Schéckt eis den Umeldeformulaire ausgefëllt an ënnerschriwwen op den hbdhandballcamp@gmail.com  an iwwerweist Äre jeeweilege Betrag bis de 26. Oktober op folgende Kont:

HB DUDELANGE
LU23 0022 1851 2862 5100 (BILLLULL)

HBD – e Liewensgefill