HBD à la une OKTOBERFEST 2023

OKTOBERFEST 2023

OKTOBERFEST 2023 post thumbnail image

Léif Frënn vum Handball Diddeleng,

Den Oktober steet virun der Dier, a mir si frou Iech dëst Joer op eist Oktoberfest am Kessel invitéieren ze kënnen! Dat Ganzt fënnt den 21. Oktober statt – do spillen eis Dammen doheem um 18:00 Auer den absolutte Spëtzematch géint den Handball Käerjeng. Direkt am Uschloss invitéiere mir Iech dann ab 20:00 Auer op den Apéro am Kessel op der Diddelenger Kiermes, wou den den DJ Double fir gutt Stëmmung suergt. Um 20:45 Auer gëtt et z’iessen, do hutt Dir de Choix tëscht den dräi Menüen, déi hei drënner opgelëscht sinn.

Loscht kritt, e gudde Maufel z’iessen, e bëssen ze schunkelen an Äre Klub z’ënnerstëtzen? Reservéiert Ären Dësch per Mail un den contact@hbd.lu oder per Telefon um 621 271 981. Mir freeën eis op Iech!

Menü 1 (55€)
Schlachterplatte (oder Veganplatte) mat Bretzel
Schwéngshax
hallef Maass Béier

Menü 2 (45€)
Schlachterplatte (oder Veganplatte) mat Bretzel
Kallefsschnitzel
hallef Maass Béier

Menü 3 (40€)
Schlachterplatte (oder Veganplatte) mat Bretzel
Falafel mat Zalot
hallef Maass Béier