
- Born (age)
Interview mam Dea:
Du bass gebuer den?
den 27. Juli 2000
Deng Nationalitéit?
Lëtzebuerger mat Originnen aus dem Kosovo
Däin Etat Civil?
Single
Deng Mossen?
1m76
Deng Carrière am Handball?
Ech hunn mat 11 Joer mam Handball zu Schëffleng ugefaangen.
Leiwer Verteidegung oder Ugrëff?
Verteidegung.
Deng Positioun um Terrain?
Lenken Réckraum.
Hues du e Virbild?
Rumänesch Handballspillerin Cristina Neagu
Däi gréissten Erfolleg?
3. Platz beim IHF/EHF Women’s Trophy an Bosnien mat der U19 Nationalequipe
Beréits de eppes?
Nee
Wat ass dat Wichtegst fir dech am Liewen?
Famill, Gesondheet, Bildung an Handball
Wat bedeit den HBD fir dech?
Fir mech ass den HBD eng Erausfuerderung an eng Chance méi wéit ze kommen mam Handball an virun allem kann ech nach ganz vill beim HBD léieren.
Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen?
Psychologie studéieren an dann am léifsten mat Kanner schaffen.
Wann e Kand dech freet wat et maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him?
Et soll een ëmmer 120% um Training an op den Matcher ginn, ni opginn an op keen Fall den Spaass um Handball verléieren.
Merci Dea !