En Interview mam Fränky!
Du bass gebuer :
Ech sinn zu Diddeleng gebuer den 29 Juni 1995.
Deng Mossen :
Ech sinn 1,82 grouss an weien 85 Kilo.
Wou gees de an Schoul ?
Ech studéieren Sport zu Saarbrécken op der Uni.
Eng Frëndin ?
Eng? Puer villäicht 😉
Wat ass däin berufflecht Ziel ?
Sportsproff oder Fitnesstrainer wieren en Dram.
Wéini hues du mam Handball ugefaang ?
Wei ech 7 Joer al war.
Firwat Handball ?
Eenzelsportaarten hunn mech net Interesséiert! Fussball kann jiddereen an vue dass méin Papp ëmmer gespillt huet, hunn ech Handball mol probéiert.
Liblings-Positioun um Terrain?
Mettspiller!
Hues de nach en aneren Hobby ?
Mat Kollegen eppes ënnerhuelen oder Playstation spillen.
Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?
Champion lescht Joer mat den Hären an MVP um YouthCup.
Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?
Deen Moment wei den André Gulbicki bei mech komm ass an gefrot huet op ech wéilt bei der éischter Equipe mattraineieren.
Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?
Famill, Frënn an Handball!
Wat stellt den HBD fir dech duer?
Eng Zweet Famill wou ech mech wuelfillen!
Wei weit wëlls de am Handball kommen ?
Ech well Stammspiller beim HBD wei och an der National Equipe ginn!
Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him?
Spaass hunn an ëmmer weider maachen!
Merci Fränky!