
- Born (age)
Interview mam Jessica:
Du bass gebuer : 16.09.1988
Deng Mossen : 1,62 m
Du schaffs/studéiers ?
Ech sinn Infirmiere.
E Frënd ? Jo.
Wéini hues du mam Handball ugefaang ?
Ech un mat 6 Joer ugefaangen.
Firwat Handball ?
Meng Mamm huet ëmmer gespillt an du wollten mir ( meng Schwëster an ech ) och Handball spillen.
Liblings Positioun um Terrain ?
Goal!
Hues de nach en aneren Hobby ?
Jo, ech sinn an de Pompjee.
Wat ass bis elo déi gréissten Erfolleg?
En Tour weider komm an der Coupe D’Europe.
Deng schéinsten Erënnerung beim Handball ?
Oh dat sinn et der vill, Coupe d’Europen…. Rumänien, Zypern, Russland, Spuenien, Turnéieren am Ausland wei Freiburg oder Winterthur.
Wat ass fir dech dat wichtegst am Liewen ?
Enjoy the day with e smile!
Wat bedeit den HBD fir dech ?
Ech sinn beim HBD grouss ginn.
Wann e Kand dech freet wat et maache muss fir am Handball Erfolleg ze hunn, wat äntwers du him ?
Motivéiert sinn fir ze trainéieren , an um Terrain fir all Ball esou wei fir seng Equipe ze kämpfen.
Merci Jessica !