
- Born (age)
Interview mam Joy:
Du bass gebuer: 29.07.1997
Nationalitéit : Lëtzebuergerin
Däin Etat Civil : Célibataire
Deng Mossen : 1,73m grouss
Deng Positioun um Terrain: Riets Hallef
Leiwer Verteidegung oder Ugrëff ? Verteidegung
Deng Carrière am Handball : Mat 9 Joer hunn ech beim HBD ugefaange.
Firwat hues du mam Handball ugefaange ? Wéinst enger Frëndin
Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?
Shoppen & eppes mat Kollegen ënnerhuelen.
Däi gréissten Erfolleg? Den Mätsch géint Holstebro
Deng schéinsten Erënnerung ? All Champions- an Coupegewenn & Turnéier zu Viborg.
Beréits de Eppes ? Nee
Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ? Famill & Frënn
Wat bedeit den HBD fir dech ? Frëndschaft
Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?
Eventuell Trainerin beim HBD ginn, fir aner Kenner an Jugendlecher fir den Handball ze motivéieren.
Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?
Vill trainéieren, ni opginn & dat aller wichtegst NI den Spaass verléieren!
Merci Joy!