
- Born (age)
Interview mam Sindi:
Du bass gebuer: 28.07.1998 zu Shkoder an Albanien
Nationalitéit : Lëtzeboierin/Albanerin
Däin Etat Civil : Célibataire
Deng Mossen : 1m64
Deng Carrière am Handball :
Verain:
2006-2011 HBD
2011-2013 Grevenmacher
2013-2015 Bascharage
2015-2017 Roude Léiw Bascharage
2017-2018 HBDNationalequipe:
2014 – Jugendnationalequipe
2017- … A Nationalequipe
Firwat hues du mam Handball ugefaang ?
Duerch Frënn
Leiwer Verteidegung oder Ugrëff?
Verteidegung an Ugrëff!
E Virbild?
Anja Andersen
Hues du nach eng aner Leidenschaft wei den Handball ?
Spillen niewebäi och ganz gären Fussball.
Däi gréissten Erfolleg ?
Mat engem Alter vun 17 Joer an der 3. Bundesliga gespillt ze hunn.
Deng schéinsten Erënnerung ?
Meng Jugend beim HBD!
Beréits de eppes ?
Jo, an zwar wou ech d‘Chance hat mat 14 Joer bei d’Tréierer Jugend Akademie Handball spillen ze goen mé ech et leider duerch schoulesch Grënn ofsoen misst.
Wat ass dat wichtegst fir dech am Liewen ?
Famill, Frënn, Gesondheet an den Sport.
Wat bedeit den HBD fir dech ?
En grousse Veräin, eng Famill an fir mech mäin 2. Doheem!
Wat wëlls de no denger aktiver Carrière maachen ?
Am Beruffsliewen wéilt ech gär Proff. an der Educatioun Physik ginn
Wann e jonke Spiller dech freet wat een maachen muss fir um héchsten Niveau ze spillen, wat äntwers du him ?
Ëmmer motivéiert bleiwen, ëmmer 120% gin um Training, mat ganz vill Eiergeiz an Wellen no sengen Zieler streben!
Merci Sindi!